Ambulanz ass kommHaaptzeien a Prozess wéinst versichtem Mord ass an d'Gette gaangen

RTL Lëtzebuerg
Et kënnt net dacks vir, dass eng Persoun um Geriicht an d'Gette geet: Um Mëttwoch ass dat awer an der Stad geschitt!

An zwar sou hefteg, dass fir den Haaptzeien an engem Prozess wéinst versichtem Mord d'Ambulanz huet misse kommen.

D'Presidentin vum Geriicht hat dem Mann just eng Fro gestallt - deen hat am Juli 2018 matkritt, wéi an der Géigend vun engem Café no bei der Escher Gare e Mann mat engem Messer an de Réck gestach gouf -, wéi sech den Zeie kuerz wéi no vir gebéckt huet an dunn an engem Siess no hanne gefall ass.

Den Onglécklechen, deen no enger Zäitchen nees unzesprieche war, gouf vun de Secouriste matgeholl. Viru séngem Malaise hat de Mann ausgesot, dass hie séngerzäit bei enger Kläpperei eng 15 bis 20 Leit an der Strooss gesinn hätt; hien hätt och de Geste matkritt, dass den Ugeklote gepickt hätt: Zu 80% wär et dee Mann gewiescht. Fir quasi als lescht Wierder vu sech ze ginn, dass hien zwee Männer gesinn hätt, déi „torse nu“ waren. Wouropshin d'Riichterin, no enger méi laanger Ënnerbriechung, betount huet, dass den Zeien nach ni virdru vun zwee Männer geschwat hätt, déi uewen näischt un haten. Wat de Me Fränk Wies, Affekot vum Beschëllegten, natierlech interesséiert huet.

Doropshi war et um Tour vum Affer. Seng Meenungsverschiddenheete mam Ugekloten haten d'Nuecht virdrun ugefaangen, wéi hien deem säi Brëll futti gemaach hat. Den Nomëtten drop wär hien zréckkomm op Esch; do hätt hien direkt eng erwëscht, ma kuerz drop an engem Blummebac e Messer fonnt, mat deem hie sech verdeedegt hätt. No Hin an Hier queesch duerch d'Stad wär hien an e Café no bei der Gare gaangen, Kolleege vum Beschëllegten hannendrun. Hie wär eraus, et hätt een him de Fouss gesat an een hie gepickt; d'Messer wär him wuel virdrun aus senger Jackett gefall. Hie wéisst net, wie gepickt hätt, well e puer Leit ronderëm waren. Dorënner de „Fousssetzer“, deen nom Affer dru war a sech, wéi hie sot, net gutt erënnere kéint. „Kënnt et Iech dann dacks vir, dass op eemol een e Messer am Réck huet?“, huet d'Presidentin vum Geriicht gefrot. Hie wär, nodeems hien dem Affer de Fouss gesat hat, fortgaangen an hätt sech dono och net dofir interesséiert, wie gepickt hat a wie gepickt gouf! Um Ufank vun där mouvementéierter Sëtzung hat en Expär erkläert, dass d'DNA vum Beschëllegten ë.a. op de Kleeder vum Affer fonnt gouf.

Dëse Prozess geet de Mëttwoch de Mëtte virun, kënnt awer vläicht, wéinst dem Intermezzo net méi virum Ufank vun där méi spéider Vakanz op de Geriichter op en Enn.

Back to Top
CIM LOGO