
De CGDIS huet leschte Weekend an der Hall 7 vun der LuxExpo Zelter fir Refugiéeën amenagéiert. Dobäi géing et sech ëm eng Iwwergangsléisung handelen, fir déi Mënschen, déi den Ament baussen an den Zeltstrukturen liewen, ënnerzebréngen, wann d’Temperature falen. Dat huet den zoustännegen DP-Minister fir den Accueil Max Hahn op Nofro hi gesot.
Plaz ass an der Hall 7 da fir 600 Persounen. Den Ament wier 460 Leit, dorënner 140 Kanner an den Zeltstrukture vum Primo-Accueil Tony Rollmann ënnerbruecht. Vun Ufank nächster Woch u wäerten déi éischt Leit da bis Enn Januar an d’LuxExpo plënneren.