Zanter iwwer 25 Joer am Gazasträif aktivHandicap International Lëtzebuerg fuerdert Wafferou am Noen Osten

Fanny Kinsch
D'Associatioun ass zanter iwwer 25 Joer a Palestina, souwuel am Westjordanland wéi am Gazasträif aktiv, a behandelt do ë.a. Affer vu Bommenattacken.

Handicap International iwwer Situatioun am Noen Osten / Rep. Fanny Kinsch

D’Zivilisten op béide Säite misste geschützt ginn an dofir misst Drock gemaach ginn, fir der Gewalt en Enn ze setzen. Op der Pressekonferenz e Mëttwoch war och eng Mataarbechterin vun der ONG vun der Plaz.

“Ech kommen aus dem Gaza, ech si fort vu menge Kanner an ech kann Iech net beschreiwen, wéi wéi et deet, wéi vill Angscht et mécht.”

D’Reham Shaheen ass Rehabilitatiounsspezialistin bei Handicap International. D’lescht Woch, virun der neier Eskalatioun, ass si am Kader vun der Aarbecht an Europa gereest. Elo ka si hir Famill just nach eemol den Dag erreechen, wa Stroum do ass, fir sech ze vergewësseren, datt nach jiddereen do ass. Wéini si heem kann, weess si net. D’Konditioune fir d’Ziviliste wiere virdru scho prekär gewiescht an hätte sech an de leschten Deeg dramatesch verschlechtert.

“Et ass keen Elektresch am Gazasträif, kee Waasser, d’Zivilisten hu keen Accès zu potabelem Waasser, fir an Dignitéit ze liewen, ze drénken, sech ze wäschen. Dës drastesch Situatioun wäert och zu enger Pandemie leeden, wann d’Gewalt net elo ophält.”

Besonnesch kritesch wier d’Situatioun fir d’Kanner, déi net an d’Schoul kéinte goen an déi matkréie géingen, wéi ronderëm si Leit stierwen a blesséiert ginn.

“Wann d’Kanner de kierperlechen Trauma iwwerliewen, vum psychologeschen Trauma wäerte si sech ni erhuelen”.

An et géing keng Chance fir d’Zivilisten aus dem Gaza ginn, fir fortzekommen.

“Et gëtt keng Méiglechkeet fir si, fir fort ze kommen, well si sinn ënner Besatzung, d’Grenze sinn zou, et kënnt een néierens aus dem Gazasträif eraus. Si sëtzen an engem Prisong, éierlech gesot. A wéi der wësst, ass de Gazasträif dat mat am stäerkste populéiert Gebitt op der Welt, mat 2 Millioune Mënschen, déi op 365.000.000 Quadratmeter liewen. Dat heescht, eng iwwerbevëlkert Plaz, op där d’Besoinen all Dag an d’Luucht ginn a keng Hëllef erakënnt, fir hinnen z’erlaben an Dignitéit ze liewen, mat Accès zur Grondversuergung, also Iessen a Waasser. Et bleift hinnen also näischt iwwereg, ausser ze bieden, dass Gott si beschützt an datt déi international Welt probéiert, z’intervenéieren an der Gewalt en Enn ze setzen.”

D’Mataarbechter vun Handicap International wiere fir elo a Sécherheet, ma géinge festsëtzen a wieren op d’Hëllef vun der UN ugewisen, fir un Noutstocken ze kommen. D’ONG fuerdert eng Wafferou, datt humanitär Hëllef a Gaza erakënnt, a méi allgemeng, datt méi Staate sech dozou engagéieren, keng explosiv Waffen an ziville Gebidder ze benotzen.

De Mehdi Magha, Direkter vun Handicap International Lëtzebuerg: “On est passé en 2022, fin 2022, à 21.000 civils tués ou blessés suite à utilisation d’armes explosives en zone peuplée. Donc c’est bien un doublement, donc 40% effectivement en fait se trouvent en Ukraine, mais pas que, l’Afghanistan est touché, la Syrie est touchée, et la Palestine.”

Handicap International hat e Mëttwoch och Rendez-vouse mam Ausseministère a Verdeedegungsministère, fir iwwert en Aktiounsplang fir de Schutz vun Zivilisten ze beroden. Parallel leeft eng Campagne fir d’Populatioun ze mobiliséieren.

Back to Top
CIM LOGO