Avis zum Staatsbudget 2021Handwierkerkummer: Post-Covid-Ära preparéieren

RTL Lëtzebuerg
De Budgetsprojet gëtt begréisst, mä der Chambre des métiers feelt et un engem Zukunftsmodell fir d’Ekonomie.

D'Handwierkerkummer begréisst ënnert dem Stréch de Budgetsprojet vum Staat fir d'nächst Joer. Héich Investissementer a keng generell Steiererhéijungen, dat wier "wichteg a richteg". Méi Scholde wieren iwwerdeems en "onëmgänglechen Iwwel". Am Detail vum Budget ginn et allerdéngs e puer Bedenken, an der Handwierkerkummer feelt et nach ëmmer un engem Zukunftsmodell fir d'Ekonomie. D'Post-Covid-Ära misst elo scho preparéiert ginn, sou den Direkter vun der Handwierkerkummer, den Tom Wirion. D'Land muss sech kloer Krittäre ginn, wéi et wëll nohalteg wuessen. Sinn d'Krittären erfëllt, da mussen d'Prozedure méi einfach sinn. Lëtzebuerg wier nämlech och eng Natioun vu klengen- a mëttelgrousse Betriber. Ee Problem wier, datt et ëmmer erëm "Aller-retouren" géing ginn tëscht Betriber an Administratiounen, sou den Norry Dondelinger, Directeur économique vun der Handwierkerkummer. D'Vertrieder vum Handwierk hunn och nach emol bedauert, datt een aktuell misst mat Bauschutt oder Buedem vu Rëmeleng bis op Colmer-Bierg fueren. Lëtzebuerg bréicht ee Reseau vun Deponien. Dat wier méi ekologesch a méi bëlleg fir de Wunnengsbau. Der Handwierkerkummer no wier de Problem e Manktem u politeschem Courage, verursaacht duerch Leit, déi zwar baue wëllen, "mee de Bauschutt, dee soll bei den Noper getippt ginn".

D'Handwierkerkummer ass frou, datt kuerzfristeg keng generell Steierhaussë virgesi sinn an d'Investissementer héich sinn. Mëttel- a laangfristeg dierf een awer net vergiessen, d'Staatsfinanzen ze reequilibréieren. "Wat d'Leit dobaussen dacks falsch verstinn: wann ee vu spuere schwätzt, dann heescht dat net onbedéngt Depensë reduzéieren, mee dat kann och heeschen, datt d'Depensë manner séier klammen an Zukunft", sou den Norry Dondelinger.

A Punkto Energietransitioun a Mobilitéit wieren d'Weiche vun der Regierung richteg gestallt. A puncto Logement par konter wieren d'Mesuren net effikass genuch. D'Chambre des métiers hannerfreet notamment d'Baisse vum Amortissement acceleré a fuerdert, datt Staat a Privé méi enk zesummeschaffen. Wat d'CO2-Steier ugeet, déi dréit d'Handwierkerkummer mat. Allerdéngs freet se Kompensatiounsmesurë fir Betriber, do wou et keng Alternative gi fir déi zousätzlech Käschte vun der CO2-Steier.

Back to Top
CIM LOGO