PoliceHaushär verfollegt Abriecher-Duo ouni Erfolleg

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Belle-Vue zu Bäreldeng goufen en Dënschdeg géint 16 Auer d'Bewunner vun engem Eefamilljenhaus op zwee Abriecher opmierksam.
© Police

Déi zwee presuméiert Brigangen hu sech dunn a Richtung Supermarché duerch d'Bascht gemaach. Den Haushär huet déi Zwee verfollegt, ma konnt se awer net stellen. D'Police gouf doropshin alarméiert. Trotz enger gréisserer Sichaktioun konnten déi verdächteg Persounen awer net fonnt ginn.

Weider Abréch goufen et iwwerdeems um Houwald an der Rue Ernest Beres, hei gouf an een Haus an an eng Wunneng agebrach. An och zu Nidderaanwen waren Onéierlecher ënnerwee a sinn Op de Wolleken an een Haus agebrach.

Op der Areler A6 a Richtung Stad hat sech um Mëttwoch ze Moien eng Camionnette iwwerschloen. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO