
No der Fuesvakanz gouf et schonn eng staark Hausse, elo waren et nees 200 Fäll, respektiv 14 Prozent méi. Iwwer 1.600 Infektioune goufen d’lescht Woch registréiert.
D’Hallschent vun de concernéierte Leit war scho virdrun emol infizéiert. Mëttlerweil ginn awer och nees 16 Leit covid-bedéngt an engem Spidol behandelt. Kengem geet et awer esou schlecht, dass en op eng Intensivstatioun misst. Eng Persoun ass mat Covid oder un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen, si war 94 Joer al.