
Wann s de d’Chance op e bëssi Muecht hues, muss de bereet sinn, am Zweiwelsfall deng eege Mamm ze verkafen. Dat ass jo schonn zanter längerem den inoffizielle Schlachtruff vun der Politik. Mee wat Deeler vun de Wëlzer Liberalen elo ofgezunn hunn, geet esouguer fir DP-Verhältnisser wäit.
Wärend de leschte Gemengewalen hunn d’Kandidate Maurice Muller a Velid Jusufovic alles dru gesat, fir den deemolegen LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt am Kader vun der Affär ronderëm presuméiert illegal Baugeneemegunge mat Dreck ze bewerfen. Wéi d’Miss Marple an de Mister Stringer zu hire beschten Zäiten, hunn déi zwee esouguer op eege Fauscht no weidere Beweiser gesicht.
No de Walen huet de Maurice Muller du sou laang géint de Schäfferot, den eegene Schäffen Amel Cosic inclus, geschoss, bis deen engersäits entnervt d’Bengele bei d’Tromm geheit huet an anerersäits d’Stëmmung an der Koalitioun mat der CSV um Nullpunkt war. A well zu Wolz just dräi Parteien am Conseil vertruede sinn, war d’Auswiel net grouss an d’LSAP déi eenzeg Alternativ als Koalitiounspartner.
Bei de Sozialisten ënnersträicht een, datt de Fränk Arndt, deen net méi am Conseil sëtzt, am Hannergrond nach ëmmer eng wichteg Roll spillt. Also muss et de Sinneswandel bei der DP ginn hunn. De Maurice Muller hat dat lescht Joer jo och nach gefuerdert, datt de “knallrouden” FC Wolz 71 een Drëttel vun de Subside gestrach kréie sollt, well et um Bord vun engem Match zu enger Kläpperei komm war. Ma fräi nom Motto “Pak schléit sech, Pak verdréit sech” ass och dat scheinbar vergiess.
Ma egal wéi een d’Zestanekomme vun där neier Koalitioun bewäert, am Sënn vu Wolz ass en eng gutt Hand ze wënschen.
A wann ech lo e bëssi gehässeg wier, wat ech natierlech net sinn, da géing ech soen, op d’mannst wäerten an Zukunft zimmlech sécher keng Projete méi doduerch Retard kréien, well et un enger Baugeneemegung feelt.