D'nächst JoerHei am Land keng nei Steier op net-recycléierte Plastik

RTL Lëtzebuerg
Esou eng Recette plangt d'EU awer vum nächsten 1. Januar un fest an, deen d'Keese vun der Unioun soll speisen.

Dës Decisioun gouf um laangen EU-Conseil am Juli geholl, wou jo e Finanzkader vu bal 1.100 Milliarden Euro fir d'Joren 2021 bis 2027 fixéiert gouf.

Déi nei Recette soll wéi gesot op Plastik spillen, dee bei Verpackungen ufält an net ka recycléiert ginn.

Hei am Land soll awer keng nei Steier ufalen - villméi wäert de Grand-Duché d'Contributioun, déi muss op Bréissel iwwerwise ginn, aus dem Budget bezuelen an net op Leit a Firmen reperkutéieren.

Dat äntweren d'Ministere Bettel, Gramegna an Dieschbourg op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten Duo Mosar a Roth.

D'Ministere soen awer och, datt am Kader vun der Steierreform wäerten nei Pisten ënnersicht ginn, fir esou géint Klima- an Ëmweltverknaschtung vir ze goen, Öko-Steieren sinn also keen Tabu méi. Prezisioune ginn awer keng genannt.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Laurent Mosar a Gilles Roth

Back to Top
CIM LOGO