Zu Kauneref an der Stauséi-Gemeng huet et en Donneschdeg den Owend kuerz virun 21 Auer an enger Wunneng gebrannt.
Update: 05.12.2025 17:46
Dem Bulletin vum CGDIS no hat eng Heizdecken d’Feier ausgeléist. D’Pompjeeë vun Esch-Sauer, dem Stauséi, vun Alebësch a vu Wolz waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Wolz.