No Kritik vu Mieterschutz ASBLHenri Kox reagéiert: All eenzele Co-Locataire huet Usproch op Subventiounen

RTL Lëtzebuerg
De Logementsminister Henri Kox huet op eng Partie Kriticke vun der Mieterschutz ASBL reagéiert.
© RTL

Et hätt ee mam neie Bail-à-Loyer-Gesetz en Equiliber wëlle fannen. Esou reagéiert de Logementsminister Henri Kox no de Kriticke vun der Mieterschutz asbl en Donneschdeg de Moien op RTL.

Dass al Wunnengen an Haiser mam neie Gesetzesprojet solle méi héich reevaluéiert ginn, wier zum Deel och op e Geriichtsurteel zeréckzeféieren. Deemools hat d’Geriicht entscheet, dass 5 Prozent vum Kapital, dat viru Joren investéiert gouf, net appropriéiert an ze wéineg wier fir déi Wunneng. An deem Fall huet d’Reevaluatioun mam Koeffizient vum ale Gesetz net méi der Realitéit entsprach.

Fir deen neien Text auszeschaffen, hätt de Logementsministère de LISER am Optrag vum Observatoire de l’Habitat eng Etüd maache gelooss, fir erauszefannen, wéi de Koeffizient sollt ugepasst ginn, esou de Minister Henri Kox.

Et hätt een en Equiliber tëscht der Offer vu Locatiouns-Wunnengen, déi ee weiderhin ënnerstëtze wéilt, an dem Schutz vun de Locatairen gesicht. Et wéilt een zum Beispill verhënneren, dass Kaffiszëmmer oder miwweléiert Kummeren an Zukunft nach wäit iwwert dem Präis kéinten ugebuede ginn.

Wéi den Henri Kox géigeniwwer RTL sot, wéilt een, dass de Marché sech weiderentwéckele kéint, allerdéngs wéilt ee verhënneren, dass et zu Excèse kéim: “Mir wëllen, dass de Marché weider kann evoluéieren, awer net méi mat den Excèsen, souwuel no ënnen, wéi no uewen. Sou dass mer mengen, hei e gudde Worf gemaach ze hunn.

Doriwwer eraus huet de Minister präziséiert, dass et all Locataire, deen an enger Co-Locatioun wunnt, méiglech ass, d’Subventioun Loyer unzefroen: “All eenzelen, deen an esou eng Locatiounswunneng ass, sief et an enger Co-Habitatioun oder an enger Co-Locatioun, huet Usproch op seng Hëllefen an e kritt déi Aiden och. Dat ass eng falsch Informatioun, déi nach ëmmer esou kurséiert. Ech mengen, dass jiddereen hei awer déi Locatiounsprimme ka kréien, och aner Ënnerstëtzungen, wann en individuell an enger Wunneng wunnt.

Et géing net méi de Menage gekuckt ginn, mee d’Communauté domestique. Et misst een noweisen, wéi héich den eegenen Undeel vun der Locatioun ass a wéi vill ee verdéngt. D’Locatiouns-Hëllef géif dann op der Basis vun dësen Informatioune berechent ginn.

LINK / De Fabio Spirinelli vum Mieresschutz war en Donneschdeg de Moien den Invité am RTL-Studio!

Back to Top
CIM LOGO