
D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet vun enger formidabeler Opportunitéit fir de Quartier a fir d'ganz Stad geschwat. De Site vum Schluechthaus soll valoriséiert a weider developpéiert ginn.
D'Lydie Polfer huet betount, datt et eng Plaz fir kulturell Aktivitéite soll ginn, wou ee kann zesumme kommen a wou den industrielle Charakter soll erhale bleiwen.