
Moyocci.com lancéiert eng néi touristesch Attraktioun am Grand-Duché, de sougenannten "Hop On Hop Off"-"Nature & Castle Line - Where History meets Nature"-Bus. Dëst gëtt vu zwee touristesch Sales-Lentz-Busser ofgedeckt.
D'Attraktioun erméiglecht Visiteuren a Lëtzebuerg tëscht der Stad Lëtzebuerg, der Regioun Mëllerdall, Veianen an Iechternach ze reesen. De Projet ass a Collaboratioun mat ORT (Office Régionaux du Tourisme), dem Mëllerdall an dem Éislek erstanen, fir deenen Touristen eng eemoleg Experienze z'offréieren.
Den néie Circuit ass also eng Erweiderung vun deene well bekannten "Hop On Hoff Off City Line"-Touren. D'Objektiv vum Projet ass déi schéinste Platzen am Nord-Osten vum Land mat der Haaptstad ze verbannen.
D'Tour "Hop On Hop Off"-"Nature & Castle Line" fänkt an der Stad Lëtzebuerg un a geet Richtung Iechternach oder Veianen. Dobäi fiert de Bus laanscht Jonglënster, duerch de Mëllerdall, Beefort, Reisduerf a Bettenduerf (bezéiungsweis iwwert Déiljen fir d'Destinatioun Veianen).