
E sougenannten “Housing First"-Projet vum Gesondheetsministère fir Mënsche mat Suchtproblemer oder déi a medezinescher Nout sinn, dee fir dëst Joer am Budget virgesi war, konnt nach net realiséiert ginn, well nach kee Site fonnt gouf. Dat schreiwen d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an d’Familljeministesch Corinne Cahen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierte Bernard a Benoy.
Deemno wier en adequaten an disponibele Site zu Esch identifizéiert ginn, ma no längere Verhandlunge wier näischt doraus ginn. Elo misst en neit Gebai gesicht ginn, an deem eng 10 Leit mat gesondheetleche Problemer onkomplizéiert sollen en Dag iwwert de Kapp kënne kréien.
Aktuell gi 4 Persounen an der Stad an enger “Housing First"-Wunneng iwwert de Gesondheetsministère encadréiert. 32 Leit profitéiere vun dëser Zort Wunneng iwwert de Familljeministère, déi meescht dovunner an der Stad, donieft awer och zu Réimech, Ëlwen a Keel/Téiteng.
Nodeems am Oktober e Recensement vun de Leit ouni Daach iwwert dem Kapp an der Stad Lëtzebuerg gemaach gouf, wier d’Associatioun Inter-Actions am Gaangen, d’Resultater auszewäerten an dës sollen dann ugangs nächst Joer virgestallt ginn, sou nach d’Familljeministesch.