Et ass dëst den 3. vu 4 neie Magnéit-Resonanz-Geräter, déi d’Spideeler 2018 vum Gesondheetsministère accordéiert kruten. D’Klinik um Kierchbierg an de CHL kruten hir jo schonn am Laf vu leschtem Joer. Feelt nach dat vum Ettelbrécker Spidol. Dëst soll am Juli a Betrib geholl ginn. Zil war et jo, mat den neien IRMen, déi dacks Méint laang Waardezäiten op e Rendez-vous ze reduzéieren.
Am September gouf e geliwwert, den neien IRM-Container vum CHL. Zanter Mëtt Oktober ass en operationell, zanterhier goufen 1.227 Magnéit-Resonanz-Ënnersichungen domadder realiséiert. D’Waardezäite konnten am Schnëtt ëm d’Halschecht reduzéiert ginn.
“Zum Beispill am Osteo-Articulaire, do si mer vun 3 Méint op elo ongeféier 1 Mount erofgaangen. Dat selwecht gëllt och fir den Thorax an den Abdomen, wou mer eis Zäit och bal ëm een Drëttel konnte reduzéieren.”, esou d’Dr Martine Goergen, Directeur médical CHL.
D’Waardezäite fir IRM-Ënnersichunge vun der Broscht, der Prostate oder dem Häerz dogéint hu sech net verkierzt. Dës gi mat engem speziellen IRM 3 Tesla gemaach, esou e Gerät gëtt et just eent am Land. Wat Ënnersichunge vum Gehier ugeet, wär et méiglech, méi IRMen ze maachen, ma et feelt en Neuro-Radiolog. E Posten deen zanter engem Joer schonn op ass.
“Déi natierlech um Marché och net einfach ze fanne sinn, mee d’Perspektive sinn awer gutt, dass am Mee en neien Neuro-Radiolog bäikënnt an dass mer dann och do kënnen d’Delaien erofsetzen.”, betount d’Dr. Martine Goergen.
D’Kierchbierger Spidol huet säin neien IRM scho virun engem hallwe Joer a Betrib geholl. Och hei konnt een d’Waardezäiten hallwéieren, deels souguer op en Drëttel reduzéieren. Duerch eng Reorganisatioun vum Planning vun de Spezialisten, sollen d’Delaie fir méi opwenneg Magnéit-Resonanz-Ënnersichungen, wéi beispillsweis vun der Prostate, nach verkierzt ginn.
“On se rend compte qu’il y a des plus en plus de demandes d’IRM prostate. Donc d’un coté, on diminue les temps de rendez-vous, mais de l’autre côté on reçoit plus de demandes. Donc là, il reste aussi un travail à faire entre les corps médicaux, les demandeurs et ceux qui réalisent pour que cela reste cohérent.”, erkläert de Paolo Sana, Responsabel Imagerie Médicale HRS.
En IRM bedeit e grousst Investissement. D’Klinik um Kierchbierg beispillsweis huet iwwer 1 Millioun Euro fir den neien IRM bezuelt. Käschten, déi deels och vun der Gesondheetskeess sollen iwwerholl ginn. An engem Schreiwes huet d’CNS de betraffene Spideeler awer virun e puer Woche matgedeelt, dass een d’Konklusiounen aus engem Aarbechtsgrupp vun der Santé ofwaarde wéilt, ier ee sech um Finanzement bedeelege géif.
“Wat fir eis natierlech inacceptabel ass, well mir jo net wëllen op engem Deel sëtze bleiwen, wat mir mussen aus eegene Fonge finanzéieren.”, esou nach Dr. Martine Goergen.
Fir den Direkter vun den Hopitaux Robert Schumann geet et hei ëm en Hin an Hir tëscht Santé an CNS, wat d’Finanzement vun neien Ekipementer ugeet.
“Mee ech ginn dovunner aus, d’Politik wollt jo deen IRM, da suergt se och dofir, dass e bezuelt gëtt. Well ech mengen, wann et iwwer d’CNS geet, soen déi eng Enveloppe d’Investissement misst am Fong geholl vum Secteur Hospitalier gedroe ginn. An dat ass en hin an hir tëscht CNS a Santé.”, esou den Dr. Claude Schummer, den Direkter vun den Hôpitaux Robert Schumann.
D’Diskussiounen ëm de Finanzement wäerten awer keen Impakt op de Patient hunn.