Sensibiliséierungscampagne vun der Santé"Ier Der an d'Urgence gitt, denkt un d'Maisons médicales!"

RTL Lëtzebuerg
Dës nei Campagne viséiert, d'Leit méi fir d'Maisons médicales z'encouragéieren, amplaz direkt de Reflex ze hunn, an d'Urgencen ze goen.

Mam Slogan “Avant d’aller aux urgences, pensez aux maisons médicales!” huet ee vir, d’Urgencen z’entlaaschten, dat an deem ee séier an adaptéiert op d’Besoine vun de Patiente reagéiert, ouni awer direkt mussen an d’Noutfall-Urgencen ze goen an esou eventuell Iwwerlaaschtungen a Kaf ze huelen.

D’Maison médicales offréieren eng Alternativ fir Patienten, déi net onbedéngt mussen an d’Urgence goen, déi jo éischter fir Noutfäll oder liewensgeféierlech gesondheetlech Zoustänn solle reservéiert sinn. D’Maisons médicales si speziell ekipéiert an et gëtt ee vu qualifizéiertem Personal aus dem Gesondheetssecteur encadréiert, dat speziell fir net sou schlëmm Fäll.

Hei alleguerten d’Adresse vun de Maisons médicales zu Lëtzebuerg:

• Maison médicale Luxembourg-ville: 23, Val Fleuri, L-1526 Luxembourg

• Maison médicale Belval: 3-5, avenue du Swing, L-4367 Belvaux

• Maison médicale Ettelbruck: 110, avenue Lucien Salentiny, L-9080 Ettelbruck

• Maison médicale pédiatrique (CHL – KannerKlinik): 4, rue Ernest Barblé L-1210 Luxembourg

Zousätzlech wäert eng gréisser Campagne iwwert déi sozial Medie säitens der Santé lancéiert ginn, weider Informatioune wäerten et och an de Praxisse vu Generalisten an an Apdikte ginn.

Et gëtt ënnerstrach, dass an deem ee sech un dës Recommandatiounen hält, een d’Urgencen effektiv entlaascht an et esou jiddwerengem méiglech ass, eng adequat medezinesch Behandlung ze kréien.

Weider Informatiounen iwwert d’Maisons médicales an iwwert d’Servicer déi se ubidden, ginn et um Internetsite www.sante.lu oder och iwwer Telefon um (+352) 20 333 111.

Back to Top
CIM LOGO