City BreakfastImpf- an Testzenter sinn e grousse Succès - zweet Teststatioun soll opgoen

Annick Goerens
Och de Stater Chrëschtmaart géif vill Leit unzéien, seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
© Domingos Oliveira

Den neien Impfzenter op der Nummer 70 an der Stater Groussgaass ass e grousse Succès. Dat sot d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer den Dënschdeg de Moien um City Breakfast. 71 Leit sinn direkt samschdes um éischten Dag komm, fir sech impfen ze loossen. E Méindeg waren et der schonn 110. Den Impfzenter ass all Dag (ausser sonndes) op vu moies 11 bis owes 18 Auer.

City Breakfast / Reportage Annick Goerens

Och den Testzenter op der nämmlechter Plaz ass ganz beléift. Zanter Mee goufen op der Plaz ronn 37.600 Tester gemaach. Ugangs waren dës jo nach gratis, zanter dem 1. November kaschte se 5 Euro, wann een e Bong vun der Stad Lëtzebuerg huet. Dass ee muss dofir bezuelen, hätt den Undrang awer net weider verännert. Wéinst der grousser Demande soll bis Enn der Woch nach een zweeten Testzenter am Zentrum vun der Stad opgemaach ginn, präziséiert d’Buergermeeschtesch.

Och de Stater Chrëschtmaart, deen zanter leschtem Freideg op ass an ënnert dem CovidCheck leeft, war bis ewell e ganz grousse Succès. Am Schnëtt waren de Weekend 39.000 Leit pro Dag op de 4 verschiddene Plazen uechter d’Stad. Samschdes gouf et e Pic vun am Ganzen 52.000 Leit, déi vun der Chrëschtdagsstëmmung wollte profitéieren. Fir ze vill laang Waardeschlaangen ze evitéiere beim CovidCheck, wäert elo um Knuedler eng Plaz opgoen, wou een direkt ka säin Bändche kréien an da kann een op all Plaz eran, ouni ze waarden. Bei der Gëlle Fra, op der Plëss, am Stater Park an op der Gare ginn et jeeweils op d'mannst zwou Entréeën, eng fir Leit, déi schonn e Bändchen hunn an eng fir Leit, déi nach kee CovidCheck gemaach hunn.

CovidCheck um Chrëschtmaart
Am Schnëtt waren de Weekend 39.000 Leit pro Dag op de 4 verschiddene Plazen uechter d’Stad.

Donieft war et um City Breakfast och nach d’Annonce, dass de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) wéinst der grousser Nofro vun Dezember u Visites guidées vum neie Stadion wäert organiséieren. Nächste Samschdeg wäert och den éischte Rugby-Match am Stadion gespillt ginn.

Am Kader vun der Orange Week, déi op d’Gewalt géint Fraen opmierksam mécht, sinn dann och iwwer déi nächst zwou Wochen nach eng Rei Evenementer an der Stad geplangt. Absënns gëtt dësen Donneschdeg eng Mënschekette virun der Märei organiséiert an och eng Rei Gebaier solle wärend där Zäit orange beliicht ginn.

D'Stad Lëtzebuerg huet iwwerdeems och een Appel à candidatures lancéiert, fir en neie Pop-Up Store, deen an der Kapuzinerstrooss soll opgoen.

Back to Top
CIM LOGO