Och sonndes impfen?Impfdosissen, déi iwwereg bleiwen, ginn net ewechgehäit

RTL Lëtzebuerg
Ma aus gutt informéierte Kreesser heescht et, et wier een e bësse gefaangen tëscht zwou ethesche Froen.

Am Impfzenter um Lampertsbierg géing et op jiddefalls d‘kloer Direktiv ginn, datt och wann owes nach Impfdosisse vu Pfizer/Biontech oder Moderna iwwereg bleiwen, se nach agesat ginn, sou eng gutt informéiert Source. (AstraZeneca-Vaccine kënnen nach gehale ginn.) Owes géingen nach Leit geruff ginn, déi ënnert d’Krittäre vun der Phas 1 oder 2 falen, fir nach mat den Dosissen aus Flaconen, déi schonn op sinn, geimpft ze ginn. Wann et misst sinn, wier och souguer den 112 geruff ginn, fir Personal vum CGDIS ze impfen. Waardelëschte géing et aus Dateschutzgrënn net ginn.

Dee gréisste Problem wier aktuell, datt eenzel Membere vum Santéspersonal, déi der Phas 1 vun der Impfcampagne no kënne geimpft ginn, awer net op de Rendez-vous géinge goen, well se net wéilten den AstraZeneca kréien, sou eis Source. Dee Vaccin hat déi lescht Woche schlecht Press, well recommandéiert war, dee fir Leit iwwer 65 net anzesetzen.

Aus gutt informéierte Kreesser heescht et, et wier een e bësse gefaangen tëscht zwou ethesche Froen. No den Affären ëm d‘Administrateuren, déi fréizäiteg geimpft goufen, wéilt een op kee Fall Leit impfen, déi net un der Rei wieren. Op der anerer Säit wéilt een awer net dowéinst dozou gezwonge sinn, owes Dosissen ewechzegeheien, déi net opgebraucht goufen. Dat dierf op kee Fall virkommen, wier am Impfzenter decidéiert ginn.

An enger Situatioun vu Penurie vu Vaccin wier een iwwerdeems net méi, mee et géing een och net am Impfstoff ënnergoen, sou eis Source. Wéi et heescht, wier een drop an drun, datt och sonndes geimpft gëtt an d’Impfcampagne also richteg an d'Gäng kënnt.

Stand e Méindeg wieren alles an allem zanter Enn Dezember 47.515 Dosisse verimpft ginn. Geliwwert krut Lëtzebuerg der 81.090. Deen Ënnerscheed erkläert sech doduercher, datt an deene meeschte Fäll eng zweet Dosis fir déi zweet Injektioun reservéiert gëtt. Dem Internetsite „Our world in data“ an European Center for Diesease Prevention and Control (ECDC) no läit Lëtzebuerg ënnert der europäescher Moyenne.

Parlamentaresch Fro vun de Piraten

De Piratendeputéierte Sven Clement huet iwweregens e Mëttwoch de Mëtteg eng dringend parlamentaresch Fro gestallt, fir ze froen, ob Vaccinsdosissen um Enn vum Dag vu Flaconen, déi ugebrach sinn, ewechgehäit ginn. Donieft freet hien, ob d’Regierung plangt ewéi d’Stad Duisburg en SMS-System op d’Been ze setzen, fir owes Leit z’invitéieren, déi als nächst un der Rei wieren.

Back to Top
CIM LOGO