
Et kann ee sech an der Woch tëscht 7 Auer moies an 19 Auer owes hei impfe loossen. A samschdes tëscht 7 an 13 Auer.
Nieft där Annonce hat d’Santé d’lescht Woch och ugekënnegt, datt jiddereen iwwer 12 Joer sech vun elo un en zweete Rappell géint Covid ka gi loossen. Den zweete Booster ass net recommandéiert, fir Leit a gudder Gesondheet, déi sech nom éischte Rappell mat Corona ugestach hunn.
Deemno kritt ee keng Invitatioun méi mat der Post geschéckt. Et kann een direkt via den Internetsite covidvaccination.lu e Rendez-vous mat senger Matricule huelen.
De Conseil Superieur des Maladies Infectieuses réit nach ëmmer, besonnesch Leit iwwer 60 Joer a Persounen, déi an engem Gesondheetsberuff schaffen, schwangere Fraen a Leit, déi vulnerabel sinn, sech nach emol boosteren ze loossen.