
70% vun den Entreprisen hätten e Besoin vu Main d’oeuvre, sou d’Etüd. Der Majoritéit vun de Betriber no missten «Inadequatiounen» tëscht Kompetenzen a Weiderbildung ofgebaut ginn, d’Formatioun antizipéiert ginn an den Accent besonnesch op den techneschen Domän gesat ginn.
D’Wuelbefannen, dorënner d’Pai, wieren de Betriber no iwwerdeems de Schlëssel fir d’Leit ze halen.
