
Dat schreift de Liser an engem Pabeier, deen um Donneschdeg publizéiert gouf.

D'Secteure vun ënnert anerem dem Commerce an der Constructioun géifen déi meeschte Pertë maachen, wärend den Transportsecteur, d'Finanzplaz an déi ëffentlech Administratiounen am mannste vun der negativer wirtschaftlecher Situatioun wäerte betraff sinn.
Dem Liser no géifen eng 13 Prozent vun den Entreprisen definitiv mussen zoumaachen, wat dozou géif féieren, dass eng ganz Rei Salariéeë Plazen an anere Beräicher wäerten unhuelen, respektiv dass d'Zuel vun de Chômeuren ëm bal een Drëttel wäert klammen.
Fir déi 40 Prozent vun de Leit, déi aktuell am mannste verdéngen, wäert dat eng Perte vu ronn 8 Prozent um Salaire bedeiten.
Fir déi 20 Prozent, déi am Beschte verdéngen dogéint, géifen d'Paie just ëm 4 bis 6 Prozent zeréckgoen.
Deemno géif dës Kris d'Inegalitéite bei de Paien nach méi grouss maachen.
