Vu 4,8 op 4,3 ProzentInflatioun geet liicht zeréck
RTL Lëtzebuerg
D'Inflatioun zu Lëtzebuerg geet op ee Joer gekuckt liicht erof, esou de Statec. Den Taux ass vu 4,8 op 4,3 Prozent zeréckgaangen.
Update: 08.03.2023 16:12
Op ee Joer gekuckt sinn d’Liewensmëttel ëm 13 Prozent méi deier ginn. Och Miwwelen an Ekipement fir de Stot a fir den Entretien si staark geklommen, dat ëm 8,25 Prozent.