
De Statec huet en Dënschdeg seng Previsioune liicht no ënne revidéiert. D’Zil vun der europäescher Zentralbank, fir bei 2% ze leien, kéint deemno hei am Land geschwënn nees erreecht ginn. Déi nächst Indextranche wäert et iwwerdeems am drëtten Trimester d’nächst Joer ginn, sou nach de Statec.
