

Wéi de Statec um Mëttwoch matdeelt ass d'Joresinflatioun am Juni vun 0,2 op 0,7% eropgaangen. Besonnesch d'Präisser vum Masutt sinn däitlech eropgaangen, mat enger Hausse vun 19,6%. Op der Pompel hunn d'Automobiliste missen 9% méi fir de Liter Bensin an 8% fir den Diesel bezuelen.
D'Liewensmëttelpräisser allgemeng stagnéieren, ma frëscht Uebst ass awer 4,8% méi deier ginn. Uganks Julo hat de Konsumenteschutz ausgesot, datt d'Liewensmëttel net méi deier gi sinn, mä et gouf méi consomméiert.
RTL-NEWS: Liewensmëttel net méi deier, mä et gouf méi consomméiertBei den Zerwisser stellt de Statec fest, datt d'Präisser an der klenger Restauratioun a bei de Coifferen an Estheticienen eropgoungen, ëm 2,1%, respektiv 2%. Beim Internetaccès op där anerer Säit, gëtt eng Baisse vu 7,7% observéiert.
