Vill Konsumenten hunn d'Gefill, datt si fir Liewensmëttel méi déif an d'Täsch musse gräifen. De Konsumenteschutz an ee Grossist gesinn dat anescht.

Tonnen Uebst a Geméis ginn all Dag an den Halen zu Elleng kommissionéiert an op déi eenzel Toure fir an d'Supermarchéen an an d'Restauranten opgedeelt. Egal ob Äppel aus Italien oder Zaloten aus Däitschland. De Moment sinn d'Lager nämlech struppevoll an et geet Schlag op Schlag.

Fir de René Grosbusch bedeit dat vill Aarbecht, well virun allem d'Supermarchéen hunn de Moment eng grouss Nofro no Uebst a Geméis. Dat, wat een elo net méi un den Horesca-Secteur verkeeft, geet integral an d'Supermarchéen. Elo géing een jo mengen, bei esou enger grousser Nofro missten och d'Präisser vun de Produiten unzéien.

Op d'mannst ass dat aktuell de Fall, wann ee sech déi aktuell Zuele vum Statec fir de Mee ukuckt. D'Präisser sinn ëm ronn 2 Prozent am Verglach zum vergaangene Mount zeréckgaangen. Vill Leit hunn trotzdeem dat Gefill, dass d'Akafe vu frësche Produite vill méi deier ginn ass. Dat huet awer éischter mat engem geännerte Consommatiounsverhalen ze dinn.

René Grosbusch: "D'Leit kafe vill méi Produiten am Supermarché a wéi se dat virdrunner gemaach hunn, well se net méi esou dacks an de Restaurant iesse ginn. Doheem maache se sech och vill méi grouss Portiounen. Krut een am Restaurant villäicht 50 Gramm Geméis pro Plat, mécht ee sech Doheem méi wéi dat Duebelt."

Eng extrem Präishausse konnt een och beim Konsumenteschutz net feststellen. Hei gëtt all Mount en definéierte Wuerekuerf an de Supermarchéen iwwerpréift, fir ze kucken, wéi sech d'Präisser vun eenzele Liewensmëttel veränneren. De Präis vum Choufleur ass zum Beispill vu Februar op Juni ëm iwwer 200 Prozent geklommen.

Fir de Guy Goedert, Direkter vum Konsumenteschutz, huet sech an deene leschte Méint net vill un de Präisser changéiert. Op d'mannst net bei deene Produiten, déi si an hirem Wuerekuerf hunn. Hei ass een am déiwen eestellege Beräich. An dat wier inflatiounsbedéngt ganz normal. Dat bedeit natierlech net, dass et eenzele Produite ginn, wou et eng méi grouss Präisdeierecht gouf. Mä dat sinn dacks ganz speziell Produiten oder saisonal Wueren.

Esou Beispiller fënnt een ëmmer erëm. De Präis vum Choufleur ass zum Beispill vu Februar op Juni ëm iwwer 200 Prozent geklommen. Dat ass awer ganz einfach erkläert, seet de René Grosbusch. Wann d' Saison vum Choufleur an der Bretange eriwwer ass, dauert et e puer Wochen, éier déi néi Choufleurssaison an Holland ufänkt. An natierlech klammen an der Tëschenzäit d'Präisser. Mëttlerweil si se awer schonn erëm op den normalen Niveau gefall.

E Präis vun engem eng Stéck Uebst oder Geméis setzt sech aus verschiddenen Deeler zesummen. Dowéinst schwanken d'Präisser och esou dacks. Et ass bal wéi den Handel mat Aktien un der Bourse, ebe just mat Geméis an Uebst.

A bei engem Deel vun de Supermarchéen huet sech an deene leschte Joren eppes an der Präispolitik geännert. Natierlech bedeit dat net, dass Präisser net klammen. Insgesamt leiden och d'Iesswueren ënnert der Inflatioun, déi d'Präisser vu Joer zu Joer an d'Luucht dreift. Mä dat sinn inflatiounsbedéngte Präisschwankungen a déi sollen op d'mannst zu Lëtzebuerg duerch den Index ofgeschwächt ginn.