
Dat geet aus der Äntwert vun der LSAP-Ministesch Taina Bofferding op dem CSV-Deputéierte Marc Lies seng parlamentaresch Fro ervir.
Konkreet géing un engem Reglement fir PAGen, also generell Amenagementspläng, geschafft ginn. Grad ewéi un Deelbebauungspläng an un engem Bautereglement. Déi nei Reglementer sollen de Gemengen dann als Basis fir d’Autorisatioun vun deene kleng Logementer déngen.
Soubal d’Gemengen déi nei Bestëmmungen dann ausgeschafft hunn, kënnen “Tiny Houses” och an deene Wunnzonen accordéiert ginn, wou se haut duerch méi restriktiv Bestëmmungen ausgeschloss sinn, heescht et weider vum Inneministère.