
Den éischten Accident war géint 18.15 Auer op der A4 a Richtung Esch. Zwee Autoe waren do net laanschtenee komm. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Direkt dräi Autoe ware géint 21.45 Auer op der A13 a Richtung Péiteng am Coup. Dräi Persoune goufen hei blesséiert. Eng Ambulanz vun Esch an zwou Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.
E Mëttwoch de Moien ass géint 6.30 Auer op der Kräizung tëscht der Rue Cents an der Rue Neudorf um Findel eng Cyclistin vun engem Auto ugestouss ginn. Den Automobilist war vum Rond-point Iergäertchen aus an Direktioun Findel ënnerwee a wollt an d’Rue Neudorf ofbéien. Dobäi krut hien d’Cyclistin, déi deen Ament iwwer d’Strooss gefuer ass, ze paken. Si gouf dobäi blesséiert, eng Ambulanz an e Samu aus der Stad waren op der Plaz.
Géint 12.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert wéi sech op der N11 zu Dummeldeng 2 Autoen ze pake kruten. De Rettungsdéngscht aus der Stad war hei op der Plaz.
2 Blesséierter gouf et, wéi géint 13.20 Auer an der Route de Luxembourg zu Munneref 2 Autoen anenee gerannt waren. Nieft den Ambulanze vun Diddeleng a Beetebuerg war hei och de Samu aus der Stad am Asaz.
Kuerz no 15 Auer hat sech dann um CR103 tëscht Dippech an Holzem en Auto iwwerschloen. De Rettungsdéngscht vun Esch-Uelzecht hat sech hei ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.
Géint 15.15 Auer gouf dann um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Och hei war de Rettungsdéngscht vun Esch op der Plaz.