Manner Liichtverschmotzung, manner StroumverbrauchIntelligent Stroossebeliichtung zu Diddeleng e Succès

RTL Lëtzebuerg
Mussen d'Stroossen an der Nuecht permanent mat 100 Prozent Hellegkeet beliicht sinn? Ma zemools, wann déi meescht Leit schlofen, mécht dat kee Sënn.
Intelligent Stroosseluuchten zu Diddeleng e Succès
No enger éischter Testphase an enger Strooss, sollen elo 2 weider Stroossen an eng Vëlospiste mam Smartlightning System ekipéiert ginn.

Déi eng oder aner Gemeng geet dann op de Wee, d’Hellegkeet vun de Stroosseluuchten erofzeschrauwen. Dem Lëtzebuerger Start-Up WeThink, deen och un aneren ekologesche Projete schafft, geet dat awer net duer. Et soll éischter do anstänneg beliicht ginn, wou et och noutwenneg ass. Dofir hu si eng Iddi op Lëtzebuerg bruecht, mat där och schonn deelweis am Ausland geschafft gëtt: Stroosseluuchten, déi mat der Beweegung mat ginn. Eigentlech eng banal Iddi. Wie kennt et net: Luuchte mat Beweegungssensor am Gank oder am Gaart, déi just reagéieren, wa sech eppes am Ëmfeld beweegt. Ma dat hei funktionéiert esou änlech. Dobäi kann all Stroosseluucht eenzel regléiert ginn.

Iwwer Nuecht kéinten d’Stroosseluuchten also theoretesch komplett aus sinn. Erkennt de Sensor e Foussgänger, Vëlosfuerer oder e Gefier, ginn automatesch d’Stroosseluuchten an engem bestëmmten Ëmfeld un. D’Beweegung gëtt da mat enger Liichtblos verfollegt. Dat heescht, d’Hellegkeet geet mam Foussgänger, Vëlo oder Gefier mat an hannendrun erëm aus.

© WeThink

Zënter e puer Méint gëtt dësen intelligente Luuchtesystem elo an enger Diddelenger Strooss getest. Iwwer Nuecht bleiwen d’Luuchten net aus, mee d’Hellegkeet gëtt op 60 Prozent gedimmt. Erkennt de System e Foussgänger oder e Gefier, gëtt dann op 80 Prozent eropgeschrauft. Dat ass fir d’mënschlecht An bal net ze erkennen.

Mat dëse schlaue Luuchte soll een da bis zu 80 Prozent Energie aspuere kënnen. Dat hëlleft net nëmmen dem Portmonnie mee och der Ëmwelt. Dës weideren ass et och grousse Virdeel fir nuetsaktiv Déieren. Déi kënnen duerch déi konstant kënschtlech Beliichtung an der Nuecht nämlech gestéiert ginn. Doduerch dass d’Luuchten och all eenzel kënne regléiert ginn, huet de Smart Lightning System och Virdeeler a puncto Sécherheet am Stroosseverkéier. Am Fall vun engem Accident oder Aarbechten an der Nuecht, kënnen eenzel Luuchten op 100 Prozent Hellegkeet gestallt ginn, fir d’Situatioun méi iwwersiichtlech ze maachen an op de Virfall hinzeweisen, erkläert de Luc Schmit vu WeThink. Wärenddeem kënnen déi aner Luuchten normal weiderlafen. E grousse Virdeel ass och, dass de System eng Partie Donnéeë sammele kann. Sou kritt d’Gemeng direkt matgedeelt wéi vill Beweegunge gemellt goufen, respektiv wéi vill Gefierer an enger Nuecht duerchgefuer sinn an doduerch och a wéi enge Stroosse méi oder manner vill Verkéier ass.

D’Testphas huet den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana och iwwerzeegt. A noer Zukunft sollen 2 weider Stroossen zu Diddeleng mat dësem intelligente System ekipéiert ginn an och fir de Quartier NeiSchmelz ass déi méi ëmweltfrëndlech Beliichtung an Diskussioun. Et géif ee weider evaluéiere fir ze kucke, wou de System zu Diddeleng nach a Fro kënnt.

De Start-Up WeThink huet de ganze System net eleng entwéckelt. D’Luuchte kommen aus Däitschland an de System u sech aus der Belsch. Aus der Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Diddeleng wier doraus e ganz flotte Projet ginn, sou de Luc Schmit vu WeThink.

Back to Top
CIM LOGO