
An engem Communiqué betounen déi Lénk, datt dësen Direkter vum Grupp Sales-Lenz war an et doduerch schwéier ze ënnerscheede wier, ob hien d’Interessi vun senger Gemeng oder déi vu sengem fréieren Employeur géif vertrieden. Déi rezent Privatiséiererungsversich wiere bedenklech Entwécklungen. Déi Lénk fuerderen dowéinst den Inneministère an déi aner Gemengen op, d’Kandidatur vum Frank Pirrotte net ze akzeptéieren - dës wier deontologesch a politesch net ze droen.