Hannert de Kulisse vun der Chamber (2)Intern Verwaltung gouf reorganiséiert, Effectif op 160 Mataarbechter eropgesat

Jean-Marc Sturm
Mir hu mam Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck op d'Aarbecht um Krautmaart gekuckt.

Mir geheien ee weidere Bléck hannert d’Kulisse vun der Chamber: Déi lescht 5 Joer hat et do wäit méi Sessioune gi wéi an de Legislaturperiode virdrun.

Och organisatoresch huet een do missen antizipéieren. Esou gouf d’Administratioun intern reorganiséiert an den Effectif op ronn 160 Mataarbechter opgestockt.

Summerpaus bis an den Hierscht, Walen am Oktober, Koalitiounsgespréicher déi Wochen drop an déi nächst Regierung mat Koalitiounsaccord fir November oder Dezember. Elo kéint ee mengen, um Krautmaart géif een eng roueg Klatz dréien. D’Chamber ass ëmmer operationell, seet de Generalsekretär Laurent Scheeck.

Un Aarbecht feelt et net:

D’Administratioun funktionéiert sécherlech weider, wéi och de Büro vun der Chamber. Natierlech wäert dat politescht an dat legislatiivt Geschäft méi lues dréinen. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber wäert sécherlech nach wouer geholl ginn. Do maachen ech mir absolut keng Suergen. Et kommen elo och nach Questions parlementaires eran an da wäert et awer réischt am Januar nees richteg lassgoen.

No de Wale wäerten et eng Rei nei Gesiichter um Krautmaart ginn. Hannert de Kulisse gi se begleet: Mir sinn amgaangen, um Niveau vun der Chamber an der Administratioun eng Zort “Onboarding” vun den Deputéierten ze preparéieren, mat Formatiounen iwwert de Fonctionnement vun der Chamber, wou mir op eng ganz strukturéiert Aart a Weis ee Programm wäerte proposéiere fir all déi nei Deputéiert an och all déi Deputéierten, déi scho méi laang derbäi sinn an déi awer een Interêt hunn, déi weider Informatiounen nach ze kréien.

Dat nennt sech da wuel Lifelong Learning.

Hannert de Kulisse vun der Chamber / Reportage Jean-Marc Sturm

RTL News: Hannert de Kulisse vun der Chamber: E spezielle Service fir Deputéiert a Mataarbechter gouf agefouert

Back to Top
CIM LOGO