Méigleche BedruchInternetsite "expochains.com" ass der CSSF net bekannt

RTL Lëtzebuerg
D’CSSF warnt viru méiglechem Bedruch vun enger Firma, déi si net kennt, mä awer Finanzservicer hei am Land offréiert.

Et geet ëm den Internetsite “expochains.com”, wou een iwwert d’Firma mam selwechte Numm Investmentsservicer offréiert kritt.

De Betrib gëtt un, en hätt säi Siège um Belair hei an der Stad. D’Kontrollinstanz vum nationalen Finanzsecteur kennt déi ganz Entitéit awer net, an si hätt och guer keen Agrement, fir iwwerhaapt finanziell Servicer am Grand-Duché däerfen unzebidden.

Back to Top
CIM LOGO