Bedruch am grousse Stil?Investitioun a medezinesche Cannabis schif gaangen, och Lëtzebuerger betraff

RTL Lëtzebuerg
2 Joer laang konnte Leit bei Juicy Fields a medezinesche Cannabis investéieren a gudde Gewënn maachen. Elo hunn dës Investisseure vill Sue verluer.
© AFP

Eng 500.000 Notzer, respektiv Investisseure solle bei der ursprénglech däitscher Entreprise Juicy Fields aktiv gewiescht sinn a gutt Geld gemaach hunn. Op dëser E-Growing-Plattform konnt ee medezinesch Cannabisplanzen online kafen. Dës goufen dann op Plantagë ugesat a recoltéiert. Duerno gouf de Cannabis verkaf an de Gewënn goung zeréck un den Investisseur. Kléngt lukrativ, ma genee dofir hunn esou vill Leit bei Juicy Fields investéiert. Dorënner och op d’mannst 4.000 Lëtzebuerger. D’Donkelziffer kéint awer nach vill méi héich sinn.

Elo ass Juicy Fields ënnergedaucht. Et gëtt geschwat, d’Säit wier gehackt ginn. Um Site vun Juicy Fields selwer gouf vun engem Streik beim Personal geschwat. Fakt ass, d’Investisseure kënne sech net méi aloggen, kréien hir Suen net méi a bleiwe mat villen oppene Froen zeréck. Eng offiziell Erklärung, wat elo mat Juicy Fields geschitt ass a wou d’Suen vun den Investisseuren hi sinn, gëtt et net.

Am Internet gëtt ëmmer méi vun engem sougenannten Exit-Scam geschwat. Exit-Scam ass eng Aart vu Bedruch. Heibäi muss de Client eng Zomm am Viraus bezuelen. De Betrib taucht da mat de Suen ënner, ouni d’Wueren ze liwweren oder d’Déngschtleeschtung z’erbréngen. Dës Method ass besonnesch am DarkWeb bekannt, wou Suen agesammelt ginn an d’Bedreiwer d’Websäit duerno einfach läschen.

Dass et sech reell ëm Exit-Scam handelt, kann een awer net soen. Hei gëllt: Ouni konkret Beweiser gëllt den Ugekloten als onschëlleg. Aktuell ginn et eng Partie Rumeuren an Explikatiounen, wat bei Juicy Fields lass ass. Sou ass och e Newsletter erausgaangen, wou vun interne Konflikter tëscht de Responsabele Riets ass.

Och vill Lëtzebuerger hunn investéiert an elo vill verluer

Ënnert de Betraffene vum “Juicy Fields"-Bedruch sinn och eng Partie Lëtzebuerger. Eng genee Zuel gëtt et net, ma eleng 260 Betraffener hu schonn eng Plainte gemaach oder wëllen dëst nach maachen. Aktuell ginn déi Betraffen nämlech gesammelt, fir eng Aart Sammelklo ze maachen an d’Police net ze iwwerlaaschten.

Ee vun de Betraffenen ass de Mike, deen net mat vollem Numm wëll genannt ginn. Hien ass ee vun den éischte Lëtzebuerger, deen hei investéiert huet an huet d’Plattform hei am Land duerch Marketing vill verbreet. Eleng 4.000 Lëtzebuerger hunn iwwert hien an Juicy Fields investéiert. Deementspriechend fillt hie sech elo och schëlleg a wëll déi Betraffen net am Stach loossen. Dowéinst engagéiert hie sech, fir Betraffener ze fannen an d’Donnéeën ze sammelen an hie steet a Kontakt mat der Police, wat d’Plainte betrëfft.

“Et huet alles seriéis gewierkt”, erzielt de Mike

De Mike investéiert dacks am Internet. Dat mécht hien awer net Blannemännches, mee hie kuckt sech scho genee un, a wat an a wien hien do investéiert. Zesumme mat e puer Kolleegen iwwerpréiwe si d’Entreprisen am Virfeld, ginn op d’Plaz kucken, ob se wierklech existéiert a kucken och, ob se ugemellt ass. Dat haten de Mike a seng Kolleegen och bei Juicy Fields gemaach. Hien ass vun engem Frënd op dës E-Growing-Plattform opmierksam gemaach ginn. Dësen ass sech och eng vun de gréisste Plantagen a Portugal ukucke gaangen, huet de Chef vun der Entreprise getraff an alles dokumentéiert. Fir de Mike war sécher: Dës Entreprise gëtt et an hei kann ee gutt a sécher investéieren.

Fir d’éischt huet hie sech mol eng Planz kaf, dat fir 50 Euro. No knapp 108 Deeg krut een dann tëscht 68 an 83 Euro, spréch e Gewënn tëscht 18 an 33 Euro. Dunn huet hie méi Planze kaf a weider Gewënn gemaach. Säi Virdeel: Hien huet duerno just nach déi Suen investéiert, déi en duerch seng Planze gewonnen huet. Zousätzlech Suen huet hien dono net méi dragestach. No enger Zäit huet de Mike och nach Marketing fir Juicy Fields gemaach. Dat heescht, hien huet d’Plattform an de soziale Reseaue verbreet a Leit dorop opmierksam gemaach. Och heimat huet de Mike nach eng Partie Sue verdéngt. Fir all Persoun, déi duerch hien op Juicy Fields investéiert huet, krut hien eng Provisioun. Aktuell hätt hien nach 70.000 Euro duerch seng Investitioun vun Juicy Fields zegutt. Suen, déi de Mike awer warscheinlech ni wäert op säi Kont kréien.

“Et gouf e puer Situatiounen, wou ech skeptesch gi sinn”

Wann de Mike an esou Projeten investéiert, ass hien och ëmmer voll am Sujet dran a wëll d’Firma gutt kennen. Dofir hat hie sech relativ fréi schonn eng Kontaktpersoun bei der Firma gesicht. Schlussendlech hat hien en direkte Kontakt zum Informatiker vun Juicy Fields. Hei krut hien dann ëmmer schonn Informatiounen am Virfeld, déi réischt 1 bis 2 Deeg drop verëffentlecht goufen. Heiduerch huet hien awer och mol hannert d’Fassad gekuckt. Sou ass him zum Beispill opgefall, dass de Chef vun Juicy Fields all Joer geännert huet. Do sinn dem Mike déi éischt Zweiwel komm.

Duerno ass d’Skepsis gewuess. D’E-Growing-Plattform krut nämlech Problemer mat den Autoritéiten, méi konkret mat der Bundesanstalt für Finanzdienstleistungsaufsicht (BaFin). De Präis vun der Planz läit nämlech ëmmer bei 50 Euro an dat egal, vu wou déi Planz kënnt a wou se geplanzt gëtt. Dat heescht, dass Juicy Fields hei d’TVA ignoréiert oder vergiess huet. Doropshin huet d’BaFin reklaméiert an et gouf d’Decisioun geholl, dass Leit mat däitscher Nationalitéit sech net méi bei Juicy Fields registréieren dierfen. Dat war awer nach net alles. D’BaFin ass dohannert bliwwen an et gouf ëffentlech, dass bei dëser E-Growing-Plattform näischt richteg kloer ass. Dat huet de Mike a vill aner Notzer ëmmer méi skeptesch gemaach. Dass ee vill Sue verléiere wäert, war bis dohin awer nach net kloer.

Vun engem Dag op deen aneren ass alles zesummegebrach

Bemol si keng Sue méi komm, Iwwerweisunge ware net méi méiglech a keen ass méi op säi Kont erakomm. Den Informatiker, deen déi ganz Websäit geréiert huet, gouf gekënnegt. Et sinn ëmmer méi Froen opkomm a keng eenzeg gouf beäntwert. “Mir mussen elo einfach dovun ausgoen, dass mir eis Sue verluer hunn”, seet de Mike. Wiem een an der Affär Juicy Fields nach Vertraue kann, weess hien net. D’Newslettere soen dat eent, d’Websäit dat anert an ëmmer rëm komme Leit zu Wuert, déi nei Explikatioune fir dës Ëmstänn mengen ze hunn.

Fakt ass, zu Lëtzebuerg sinn nawell eng Partie Leit betraff an déi wëlle lo géint Juicy Fields virgoen. Bei der Police Lëtzebuerg gouf an dëser Affär schonn en Dossier opgemaach. Fir Lëtzebuerger, déi betraff sinn, gëtt et och eng Facebook-Grupp.

De Mike huet sech selwer engagéiert, fir d’Betraffener all zesummen an engem Dokument ze sammelen an dës der Police ze iwwermëttelen. Aktuell hu sech iwwert dee Wee 260 Leit gemellt, déi eng Plainte maache wëllen. De finanzielle Verloscht ass grouss. Eleng 101 Betraffener hunn duerch dës Affär ronn 1,6 Milliounen Euro verluer.

Back to Top
CIM LOGO