Parlamentaresch FroInzest soll an Zukunft eegen Infraktioun duerstellen

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift d'Justizministesch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Dan Biancalana. Aktuell géing een un engem Avant-projet schaffen.
© AFP (Archiv)

Den Inzest soll an Zukunft eng eegen Infraktioun duerstellen. Zu Lëtzebuerg goufen et tëschent 2015 an 2020 13 Condamnatioune wéinst Vergewaltegung oder sexueller Mësshandlung vu Mannerjäregen, bei deenen Inzest als Circonstance aggravante dobäi koum. Dat schreift d'Justizministesch Sam Tanson an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.

D'Ministesch weist drop hin, datt wéinst dem aktuelle gesetzleche Kader nëmmen déi Fäll vu Mannerjäregen ënner 16 Joer erfaasst ginn. Den Dan Biancalana wollt a senger parlamentarescher Fro och wëssen, ob zu Lëtzebuerg géing driwwer nogeduecht ginn, den Inzest u sech ze kriminaliséieren, dat heescht, datt et net nëmmen eng Circonstance aggravante ass, an ob d'Verjärung soll ofgeschaaft oder verlängert ginn. Jo, äntwert d'Justizministesch. Hir Zerwisser wieren den Ament am Gaangen un engem Avant-projet ze schaffen, fir eng autonom Infraktioun ze schafen. Dora wier och eng Verlängerung vun de Prescriptiounsdelaie virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO