Digital ClassroomsiPad-Klasse ginn ëmmer méi beléift zu Lëtzebuerg

Claudia Kollwelter
Wéi vill iPad-Klasse ginn et zu Lëtzebuerg a wéi grouss ass d'Interessi bei de Schoulen?
© RTL Archiv

Ënnert anerem dat wollt d'CSV Deputéiert Martine Hansen an enger parlamentarescher Fro un den Educatiounsminister Claude Meisch gewuer ginn.

Aktuell schaffen am Grand-Duché 649 Klasse mat iPaden - an dat am Kader vum Projet "one2one". Den DP Minister Claude Meisch betount awer och, datt dee Chiffer permanent klëmmt. Wärend 2015 nach 7 Lycéeë beim Lancement vum Projet "Digital Classroom Lëtzebuerg" matgemaach hunn, bidde mëttlerweil all d'ëffentlech Lycéeën am Land där Klasse mat Tabletten un.

iPad-Klasse ginn ëmmer méi beléift zu Lëtzebuerg.

D'CSV Deputéiert Martine Hansen wollt dann och wëssen, ob et Analysen an Evaluatioune vun deene Klasse ginn an wéi d'Resultater dovun ausgesinn. Den Educatiounsminister sengersäits betount, datt et därer keng "au sens strict du terme" ginn, mä datt awer verschidde Lycéeën eegen Ëmfroen an d'Weeër geleet hunn, fir de Projet ze verbesseren. D'Martine Hansen huet donieft och op e Problem opmierksam gemaach, dee Schüler hunn, wa se de Lycée wiesselen.

Der CSV Deputéiert no missten dës hiren iPad ofginn an hätte keen Zougang méi zu hire schouleschen Dossieren, déi op den Tablettë gespäichert ginn. De Claude Meisch präziséiert, datt d'Schüler den iPad kënnen halen, wa se en zeréck kafen zum Präis vun der Valeur, deen en nach huet.

E richtegen Dossier géif et eigentlech net ginn, alles géif op enger sougenannter Cloud ofgespäichert ginn. Wouduerch all Schüler gratis Zougang dorop huet, egal op wéi engem Apparat. Anescht wier dat allerdéngs bei verschiddenen Applikatiounen, déi een installéiert. Do géifen d'Servicer vum Educatiounsministère allerdéngs de Moment dru schaffen, fir och dëse Problem ze behiewen.

Back to Top
CIM LOGO