Invité vun der Redaktioun (29. Juni)Isabelle Mossong, Generalsekretärin vum FNR

Marc Hoscheid
En Méindeg de Moien ass d'Fuerschung Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Virlescht Woch gouf an der Chamber eng nei gesetzlech Grondlag fir de Fonds national de la recherche ugeholl, déi et dem FNR erlabe soll, mat der Entwécklung vun der Fuerschungslandschaft Schratt ze halen. Zanter Januar ass d'Isabelle Mossong déi nei FNR-Generalsekretärin. Mat hir schwätze mer iwwert d'Finanzéierung an d'Evaluatioun vum FNR an doriwwer, no wéi enge Krittäre Projeten erausgesicht ginn a wéi eng Fuerschungsberäicher an Zukunft eng besonnesch wichteg Roll spille kéinten.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO