KierchbiergIsolatioun vun neiem Gebai a Brand geroden

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg gouf et een Tëschefall um Chantier vum zukünftege Centre commercial Infinity.
© Domingos Oliveira

D'Isolatioun vun der Fassade vun engem 6.800 Quadratmeter grousse Gebai hat Feier gefaangen. D'Feier hat um Daach vum Schantje vun engem Akafszenter ugefaangen, an ass bis an déi lescht Etage vum 8 Stäck héije Bürosgebai, wat och nach am Bau ass, erop gezunn.

D'Pompjeeë haten de Brand séier ënner Kontroll. Op där Plaz, am Agang vun der Avenue John F. Kennedy, vis-à-vis vun der Philharmonie, entsteet hei den neie Centre commercial Infinity. Dëse soll Enn vum Joer opgoen.

VIDEO: Isolatioun vun neiem Gebai um Kierchbierg a Brand geroden
E Freideg am Nomëtteg gouf et een Tëschefall um Chantier vum zukünftege Centre commercial Infinity.
Onkommentéiert Bildmaterial.

Back to Top
CIM LOGO