
Als Grond, firwat si kee Stand haten, gëtt de Responsabele fir den israeelesche Stand un, dass si ze grouss Sécherheetsbedenken haten. De Responsabele fir den israeelesche Stand sot weider, dass si ee Bréif un d’Police geschéckt haten, an deem si froen, ob d’Police mat Beamte bannen am Gebai kéinte Presenz weisen. Op hire Bréif hätte si awer keng Äntwert kritt. De Policeminister Léon Gloden äntwert allerdéngs elo op eng parlamentaresch Fro vum Pirat Marc Goergen, dass weder an der Generaldirektioun nach an engem anere Service jee e Bréif ukomm wier. D’Police hätt awer iwwer E-Mail an Telefon Kontakt mat den Organisateure gehat. Opgrond vun der Visitt vum israeeleschen Ambassadeur hätt een hinnen och geroden, fir zousätzlech zum erhéichten Dispositif vun der Police och selwer weider Sécherheetsmesuren ze huelen, sou schreift et de Minister.
Duerch dës Sécherheetsbedenke war jo dunn awer entscheet ginn, den israeelesche Stand auszelueden, sou haten et d’Organisateuren erkläert. Trotz deene Bedenke wier een awer komm. Et wier ee schliisslech ee vun de Grënnungsmembere vum internationale Bazar, sou huet et vun de Responsabele vum israeelesche Stand geheescht.