Sexuell GewaltIwwer 1.000 Plaintë wéinst Vergewaltegung bannent de leschte 5 Joer

Diana Hoffmann
D'Nancy Arendt fuerdert eng déifgrënneg Analys iwwer Mëssbrauch. Schätzunge vum EU-Rot no géing all 5. Kand a sengem Liewen Affer vu sexueller Gewalt ginn.

Dat sot d'Nancy Arendt e Mëttwoch de Mëtten an der Chamber bei hirer Interpellatioun iwwer sexuell Gewalt a Mëssbrauch. 90 Prozent vun den Affer géinge vun enger vertrauter Persoun aus dem enken Ëmfeld mëssbraucht ginn.

D'CSV-Deputéiert huet eng Motioun eragereecht, duerch déi der Kritik soll Rechnung gedroe ginn, dass konkreet Analysen a Chifferen hei am Land feelen.

Motioun Nancy Arendt

Nancy Arendt: "Hei eng éischt Motioun, fir datt mer en nationale Beoptraagten asetzen, eng national Ulafstell, also fir jiddereen, dee vu sexuellem Mëssbrauch betraff ass. A wou eng ëmfaassend Datei opgestallt gëtt, Statistiken, Zuelen an Evaluatiounen zentraliséiert ginn. Transversal iwwert déi verschidde Ministeren, fir d'Problematik ze erfaassen a sech mam Ausmooss vun dësem Phänomen auserneenzesetzen, fir kënnen adequat ze reagéieren."

Datt Statistike géinge feelen, gouf och vun der Majoritéit vun den Deputéierte bestätegt. D'Motioun gouf an déi zoustänneg Kommissioun weiderginn.

Doriwwer eraus huet déi Deputéiert och eng Proposition de Loi agereecht, wou si eng Verlängerung vun der Verjärungsfrist bei sexuellem Mëssbrauch fuerdert. Déi gréng Justizministesch Sam Tanson sot, dass géing un enger substantieller Verlängerung vun der Verjärungsfrist bei sexuellem Mëssbrauch oder engem Ophiewen vun dëser geschafft ginn.

Sexuell Gewalt ass iwwerall an eiser Gesellschaft

Sexuell Gewalt - Reportage Diana Hoffmann

Iwwer 1.000 Persounen hunn an deene leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg Plainte wéinst Vergewaltegung gefouert. D'Donkelziffer u Victimmen ass awer mat Sécherheet e gutt Stéck méi héich. Vergewaltegung ass d'Spëtzt vum Äisbierg... Sexuell Gewalt ass awer iwwerall an eiser Gesellschaft. Dofir ass et wichteg, ze Sensibiliséieren an ze Agéieren, woufir e Mëttwoch opgrond vun enger Interpellatioun vun der CSV-Deputéierter Nancy Arendt an der Chamber iwwert de Sujet geschwat ginn ass.

Sexuell Gewalt ass en Thema, wat all Dag fir op d'mannst eng Persoun Thema ass, well all Dag kënnt et zu Iwwergrëff. Dat geet aus diversen internationale Statistiken ervir, déi d'CSV-Deputéiert Nancy Arendt wärend hirer Interpellatioun zum Thema an der Chamber presentéiert huet: "Den Europarot schätzt, dass all 5. Kand Affer vun enger Form vu sexueller Gewalt gëtt. 1 vu 5 an et schreckt keen op, an et gëtt keen hellhöreg. Et protestéiert keen dobausse mat grousse Plakater op eise Stroossen."

An 90 Prozent vun de Fäll kéim den Täter aus dem enken Ëmfeld vun der Victime, wat eng Plainte dacks nach méi schwéier géing maachen. 3 Motiounen déi vun der Deputéierter eragereecht goufen, sinn ugeholl ginn. Dës befaassen sech domat, dass soll sensibiliséiert ginn, fir Mëssbrauch ze erkennen, souwéi domat, dass soll en Präventiounskonzept an Institutiounen ausgeschafft ginn, wou mat Kanner geschafft gëtt. Eng 3 Motioun fuerdert eng national Ulafstell fir Affer. Sou kéinten da Chiffere gesammelt ginn, fir Statistiken opzestellen, déi hei zu Lëtzebuerg dacks nach feele géifen.

Duerch eng Propositioun de Loi fuerdert d'CSV da weider, dass d'Verjärungsfrist bei sexuellem Mëssbrauch eropgesat gëtt: "Sou datt d'Affer bis zum 48. Liewensjoer Zäit hunn fir d'Affer unzekloen. Also 20 méi wéi bis elo. D'Méiglechkeet ze kréien dat erliefte kënnen unzekloen, ass extrem wichteg."

Déi Gréng Justizministesch Sam Tanson huet verséchert, dass den Ament géing um Text fir eng substantielle Verlängerung vun der Verjärungsfrist geschafft ginn, oder dass d'Frist soll komplett opgehuewe ginn. Am gesetzleche Kader missten awer weider Upassungen gemaach ginn, seet den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana: "Dowéinst ass et eben esou wichteg, dass eis Legislatioun adaptéiert gëtt. Also am Fall vun neie Forme vu Gewalt, wéi zum Beispill beim Cybergrooming aus der digitaler Welt, ugepasst ginn."

De legale Kader kéint eleng dës Gewalt net verhënneren. Dofir wier de Volet vun der Präventioun, der Sensibilisatioun an der Opklärung grad esou wichteg. Vill Riede vun den Deputéierten hunn sech deemno ëm de Sujet gedréint.

PDF: Proposition de loi Nancy Arendt

Back to Top
CIM LOGO