
Dobäi gouf een Joint, eemol 11 Gramm Cannabis an eemol 108 Gramm Haschisch am Auto fonnt a séchergestallt.
De Parquet huet d’Persoun festhuele an den Auto saiséiere gelooss. Géint déi 2 aner Persoune gouf eng Plainte geschriwwen.
Zu Déifferdeng gouf et da géint 16 Auer ëm de Parcc Gerlache zu Déifferdeng a gréisser ugeluechte Kontroll. Heibäi gouf e Grupp Persounen an der rue Adolphe Krieps kontrolléiert an eng kleng Quantitéit Haschisch, sou wéi e Kichemesser séchergestallt. Eng alkoholiséiert Persoun huet dunn nach d’Beamte provozéiert a koum an Arrest.
Dobäi kënnt nach eng Persoun déi ugehale gouf, well se an engem anere Land géint Gesetzer verstouss huet a vun der Police gesicht gouf. Si koum fir eng Kontroll op de Büro.