
Net all ekonomesch Aktivitéit konnt awer dokumentéiert ginn, well Donnéeë feelen.
36.323 Entreprise goufen also 2019 fir d'Statistik gezielt.
Iwwer 8.300 fir spezialiséiert, wëssenschaftlech an techneschen Aktivitéiten. Am Commerce gëtt et iwwer 7.800 Firmen. An der Constructioun sinn et méi wéi 4.300 Entreprisen.
An der Stad, also der Gemeng Lëtzebuerg, ginn et knapps 11.000 Entreprisen, respektiv sinn hei 30% vun allen Entreprisen am Land.