Parlamentaresch FroIwwer 86% vun AstraZeneca-Vaccin, déi a Quarantän koumen, si scho verimpft

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hat d'Santé annoncéiert, datt een aus Virsiichtsmoossnam géif e ganze Lot vun Impfunge vun AstraZeneca "a Quarantän" setzen.
© AFP

Vun deene 4.800 Dosissen AstraZeneca, déi vun der Santé aus dem Verkéier gezu goufen, waren der schonn 4.141 verimpft. Dat schreift d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Martine Hansen an an engem Communiqué.

En Donneschdeg hat d’Santé annoncéiert, datt en Deel vun de Vaccinen aus dem Verkéier gezu goufen, nodeems et an Éisträich méiglecherweis Problemer mat engem spezifesche Lot goufen. Lëtzebuerg hat 4.800 Dosisse vun deem Lot kritt.

E Sonndeg gouf Lëtzebuerg vun Éisträich alertéiert. Deen Ament waren nach 69 Flaconen net benotzt ginn, déi deemno an eng Quarantän koumen a vun der Ema iwwerpréift ginn. Déi géingen aktuell an Holland getest ginn, fir ze kucken, ob et en Zesummenhang mat Thrombose gëtt.

D’Ministesch widderhëlt an hirer Äntwert, datt et zu Lëtzebuerg bis ewell keng esou Problemer gouf. Der Europäescher Medikamentenagence no géif et kee Grond ginn, den AstraZeneca allgemeng net méi ze benotzen. Déi sougenannte Quarantän vun deem spezifesche Lot wier eng Virsiichtsmoossnam.

D’Gesondheetsministesch schreift dann nach an hirer Äntwert, datt Thrombose-Fäll bei Persounen, déi geimpft goufen, net méi héich wier, wéi an der allgemenger Populatioun.

Bis den 10. Mäerz goufe bei bal 5 Millioune Persounen, déi an Europa AstraZeneca kruten, 30 Fäll vun Thrombose gemellt ginn. Op Basis vun den Donnéeën, déi een haut hätt, kéint een net dovun ausgoen, datt et duerch AstraZeneca méi e grousse Risiko fir Niewewierkunge gëtt wéi duerch déi aner Impfstoffer.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO