
Fir 2023 rechent ee mat bal 36 Milliounen Euro, dat schreift d’CNS e Méindeg an engem Communiqué. Deemno wier ee gutt opgestallt fir déi nächst Joren, fir de Besoine vun enger Populatioun kuerz a mëttelfristeg gerecht ze ginn, déi wiisst an ëmmer méi al gëtt.
Dat geet aus dem Budget vun der Assurance-Dépendance ervir, dee vum Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess guttgeheescht gouf.
Aktuell profitéieren eng 9.500 Leit doheem vun der Fleegeversécherung, do derbäi kommen nach emol eng 5.400 Leit, déi a CIPAen a Fleegeheemer soignéiert ginn.
D’Assurance-Dépendance gëtt zu 61% vun de Cotisatioune vun den Assuréë gedroen (1,40%) an zu 39% vum Staat.
Bal d’Integralitéit vun den Ausgabe vun dëser Versécherung maachen d’Fraise fir d’Fleeg aus, nëmme ronn 3% si fir d’Verwaltung.
Wéi d’CNS schreift, ass d’Fleegeversécherung gutt drop preparéiert, datt d’Leit ëmmer méi al ginn, well ee positiv Resultater géif schreiwen an héich Reserven hätt - op d’mannst bis d’Joer 2026.