
D’Täter hunn op de Mann ageschloen an him den Handy, e Rucksak an eng Smartwatch geklaut. Eréischt wéi eng Fra dem Affer hëllefe komm ass, hunn d’Täter de Mann a Rou gelooss a sinn a Richtung Avenue Monterey fortgelaf. D’Affer gouf liicht blesséiert.
Täterbeschreiwung vun der Police
1. männlich, von großer schlanker Statur, südländischer Typ, +/- 40 Jahre alt, trug eine schwarze Maske bzw. einen schwarzen Buff und eine blaue Jacke mit Kapuze. Er sprach Französisch mit Akzent.
2. männlich ca. 1,80 Meter groß und trug eine dunkle Jacke.
D’Police sicht an deem Zesummenhang no der Fra, déi dem Affer gehollef hat. Och aner Aenzeie kënne sech bei der Police vu Capellen mellen, dat ënnert der Numm (+352) 244301000 oder via E-Mail op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.
Um 15.15 Auer koum et am Parc Laval zu Esch zu engem brutalen Iwwerfall. Wéi d’Police mellt, goufen 3 Persoune vun engem Grupp vun ongeféier 12 jonke Männer ugegraff a beklaut.
Wien eppes gesinn huet oder Informatiounen zu der Identitéit vun de bedeelegte Persounen huet, soll sech bei der Police vun Esch um (+352) 244501000 oder per E-Mail police.esch@police.etat.lu mellen.