ZeienopruffIwwerfall op 3 Tankstellen am Raum Schengen/Remerschen

RTL Lëtzebuerg
Am Oktober an November zejoert an am Januar 2022 goufen am Raum Schengen/Remerschen 3 Tankstellen iwwerfall.
© Police / RTL Grafik

D’Täter haten d’Personal vun der Tankstell mat enger Waff menacéiert a verlaangt, dass si hinnen d’Suen aus der Keess ginn. D’Tankstelle goufen den 21. Oktober 2021, den 3. November 2021 an den 11. Januar 2022 iwwerfall.

Den Haapttäter war männlech, normal gebaut an ongeféier 1.90 Meter grouss. Hien huet däitsch geschwat. Hien hat e schwaarz-sëlwerege Motorradshelm vun der Mark “LEVIOR”, eng blo-schwaarz Jackett vun “ERIMA"e rosaroude Sonnebrëll an eng schwaarz Cargo-Box un. Bei der Pistoul, déi hie benotzt huet, hat et sech ëm eng “WALTHER P99" gehandelt.

Um Iwwerfall vum 21. Oktober war nach en zweeten Täter bedeelegt. Dëse war ongeféier 1.80 Meter grouss an dënn gebaut. Hien hat eng schwaarz-brong Kagull, eng donkel Jackett, eng schwaarz Cargo-Box a Schaffhändsche vun der Mark “Engelbert Strauss” un. Hie war mat enger schwaarz-sëlwereger Pistoul bewaffent.

Wien Informatiounen zu den Iwwerfäll oder der Identitéit vun de presuméierten Täter huet, ass gebieden, sech bei der Police Judiciaire ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244-601110 oder via Mail.

Back to Top
CIM LOGO