
Géint 16 Auer en Donneschdeg de Mëtteg war e Schüler zu Mäerzeg op sengem Heemwee aus der Schoul vun e puer vermummte Jugendleche verfollegt ginn. Dës hunn hie schliisslech festgehalen an him seng Jackett, säi Portmonni, säin Handy a seng Kopfhörer ofgeholl.
D’Police konnt dräi verdächteg Persoune beim Fussballterrain zu Mäerzeg ermëttelen an déi geklaute Géigestänn bei hinne sécherstellen. Ee vun de Jugendlechen hat probéiert, sech géint d’Polizisten ze wieren an hat dobäi ëm sech geschloen an e Policeauto beschiedegt. D’Polizisten hunn déi Jugendlech un hir Eltere respektiv Tuteuren iwwerstallt an eng Plainte géint dës deposéiert.
Um 06.40 Auer e Freideg de Moie gouf eng Fra an der Rue de Bonnevoie an der Stad vun zwee Männer attackéiert a krut hir Posch geklaut. En Zeien hat probéiert, d’Déiwen ze verfollegen, hat si awer schliisslech aus den Ae verluer. Allerdéngs haten d’Ugräifer bei hirer Flucht der Fra hiren Handy fale gelooss an den Zeie konnt hir dësen zeréckginn. D’Police hat eng Enquête an d’Weeër geleet, konnt den Täter awer bis ewell net fannen.