
Virun e puer Deeg goufen an der Géigend vu Konstem an der Gemeng Parc Housen d’Iwwerreschter vun enger Rëtsch Déiere gebuergen an an de Musée national d’histoire naturelle an d’Stad bruecht. Besonnesch grouss war d’Freed vun de Wëssenschaftler doriwwer, datt och d’Fossil vun engem sougenannte Rise-Séiskorpioun derbäi war. Esou Decouvertë wiere weltwäit extrem seelen, esou den Dr. Ben Thuy, Paleontolog am Naturmusée a Responsabel fir d’Gruewung. Virun allem de Fait, datt d’Fossil mat 50 Zentimeter zimmlech laang ass, wier aussergewéinlech. Et géing een dervun ausgoen, datt d’Déier bis zu annerhallwem Meter laang war. Rise-Séiskorpiounen hätten zu hirer Zäit zu den top Raubdéiere gehéiert a wieren ënnert de gréisste “Gliedertieren”, déi jee gelieft hunn. D’Fossille goufen an enger 406 Milliounen aler Gestengsschicht fonnt. Wéi den Numm Rise-Séiskorpioun verréit, huet d’Déier net direkt am Mier, mee wuel an engem Floss-Delta gelieft.
Den Dr. Ben Thuy ënnersträicht, datt een d’Fossiller just mat der Hëllef vun der Entreprise Rinnen, déi de Steebroch bedreift, a Collaborateurs scientifiques, also Hobbywëssenschaftler, déi fräiwëlleg fir de Musée schaffen, bierge konnt. Et géing ee schonn zanter ronn zwee Joer do Gruewungen duerchféieren. Et hätt een en Ofkommes mam Bedreiwer, deen dofir keng Sue kritt, datt een am Steebroch sichen dierf, wann een d’Aarbechten net stéiert. Steebréch wiere fir paleontologesch Gruewunge predestinéiert, well do ëmmer nees nei Gestengsschichten no uewe kommen. Aktuell wier Konstem quasi déi eenzeg Plaz am Land, op där ee Gruewungen duerchféiere kéint. Et gëtt zwar zum Beispill nach ee Steebroch bei Mäerkels an der Gemeng Kiischpelt, mee do wier et aus Grënn vum Naturschutz schwiereg.
Wat d’Iwwerreschter vum Rise-Séiskorpioun ugeet, sou ginn déi an deenen nächste Méint präparéiert an ënnersicht. Dono soll et am Naturmusée ausgestallt an esou dem Public zougänglech gemaach ginn.