Stad LëtzebuergIwwert de Weekend gouf an 19 Autoen agebrach

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg goufen an der Rue Sosthène Weis an an der Montée de Paffenthal eng Partie Autoen opgebrach an duerchwullt.

Ee vun de Gefierer gouf esouguer mat engem spatze Géigestand zerkraazt. An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. Wien eppes gesinn huet, soll sech via Telefon (+352) 244 40 1000 oder Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO