
Lëtzebuerg huet säin éischten Kardinol. E Samschdeg den Mëtten ass den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich am Péitersdoum vum Poopst zum Kardinol ernannt ginn. Dat a Presenz vum Grand Duc Henri, dee fir dëst Evenement an de Vatikan gereest ass.
Vum Sëtz vun de Jesuitten zu Roum, wou den Jean-Claude Hollerich logéiert, bis an de Vatikan sinn et emol keng 200 Meter. Den neien Kardinolsrack huet den Äerzbëschof schonn un. Op der Péitersplaz waart d’Lëtzebuerger Delegatioun gespaant op den designéierte Kardinol, deen nawell opgereegt ass, esou kuerz virun der feierlecher Zeremonie.
Um 16 Auer huet déi feierlech Zeremonie, den sougenannte Consistoire, ugefaangen. Ënnert engem Consistoire versteet een allgemeng eng Versammlung vu Kardineel ënnert dem Virsëtz vum Poopst. An dëser Versammlung kréien 13 Geeschtlech den Titel Kardinol.
Een nom aneren kréie si vum Poopst de Kardinolsrang an déi purpurrout Kardinolsmutz, déi sougenannte Beretta, iwwerreecht. Nom Poopst sinn d’Kardineel déi ranghéchste Vertrieder vun der Kathoulescher Kierch an all Kardinol huet säin eegenen Aufgabeberäich. Wéi eng Missiounen de Kardinol Hollerich kritt, steet nach net fest.
D’Zeremonie ass um Samschdeg am Péitersdoum. Den Ryck Thill ass fir eis op der Plaz an huet mam designéierte Kardinol geschwat.
Fir de Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich war d’Nominatioun zum Kardinol eng grouss Iwwerraschung. Wéi d’Nouvelle koum, war hie grad a Portugal an der Vakanz an souz an der Sonndesmass.
D’Annonce, datt nei Kardineel ernannt ginn, mécht de Poopst an der Regel kuerzfristeg. Sonndes den 1. September nom Angelus-Gebiet ass hei op der Péitersplaz den Numm Jean Claude Hollerich gefall. 5 Wochen vun der Ukënnegung bis zur Zeremonie.
Haut goufen déi designéiert Kardineel der Press presentéiert. A 5 Sproochen huet den Jean Claude Hollerich Interviewen ginn. Lëtzebuergesch däitsch, franséisch, italienesch a japanesch. Um 12.30 Auer gouf d’Basilika fir de Public zougemaach, fir mat de Preparatiounen unzefänken.
