Ambassadeur a RusslandJean-Claude Knebeler freet Congé sans solde, fir zu Moskau kënnen ze bleiwen

RTL Lëtzebuerg
U sech hat den Diplomat gefrot, fir säi Mandat als Ambassadeur aus familiäre Grënn ëm 1 Joer ze verlängeren. Dëst krut hien awer net erlaabt.
© MAEE

Traditionell dréint dëser Deeg dat diplomatescht Karussell, dat heescht, datt Ambassadeuren oder d’Chargés d’Affaires an Ambassaden nei Funktioune kréien.

Een Diplomat deen net vun deem Wiessele betraff ass, ass de Jean-Claude Knebeler, dee bis dëse Summer déi lescht 4 Joer iwwer Lëtzebuerger Ambassadeur a Russland war.

U sech hat den Diplomat gefrot, fir säi Mandat aus familiäre Grënn ëm 1 Joer ze verlängeren. Dëst krut hien awer net erlaabt, sou datt vun dësem 1. September un de Georges Faber neien Ambassadeur zu Moskau ass.

De Jean-Claude Knebeler war iwwerdeem ewell Ugangs vum Joer am Ausseministère virstelleg ginn, fir iwwert seng weider Affektatioun ze schwätzen. Bei där Geleeënheet gouf him de Poste vum Responsabele vum Departement “Nation branding” am Wirtschaftsministère offréiert - ee Posten, deen hien awer net wollt unhuelen.

Wéi d’online-Plattform Reporter schreift, hätt de Jean-Claude Knebeler elo e Congé sans solde gefrot, fir kënnen zu Moskau ze bleiwen a sech do an engem Think Tank z’engagéieren.

Reporter géintiwwer sot de Jean-Claude Knebeler, datt hien et net wéi zum Beispill d’fréier Ministere Krecké a Schneider gemaach hätt, fir sech an enger russescher Firma z’engagéieren, fir esou all Interessekonflikt mat senger fréierer diplomatescher Charge ze verhënneren. Et war nieft dem fréieren SREL-Agent André Kemmer, och dem Jean-Claude Knebeler seng Charge, fir viru ronn 10 Joer eng Zort “Service de Renseignement” bannent dem Wirtschaftsministère opzebauen.

Den Départemement vum “Nation Branding”, deen nom Depart Enn zejoert vun der LSAP-Politikerin Francine Closener, kee Chef hat, gëtt an Zukunft iwwerdeem vun der Realisatrice an Dréibuch-Autorin Beryl Koltz geleet, déi bis ewell bei der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte fir d’Kommunikatioun responsabel war. D’Groussmamm vun der neier Nation-Branding-Responsabeler ass d’renomméiert Autrice Anise Koltz.

Back to Top
CIM LOGO