No Demissioun vu Laurent ZeimetJean-Marie Jans gëtt neie Beetebuerger Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de laangjärege Buergermeeschter Laurent Zeimet jo rezent vu sengem Posten demissionéiert ass, fir CSV-Fraktiounspresident ze sinn, iwwerhëlt de Jean-Marie Jans de Posten un der Spëtzt zu Beetebuerg.
© Gemeng Beetebuerg

Am Beetebuerger Gemengerot krut den ëmgebaute Schäfferot haut déi néideg Majoritéit. Buergermeeschter gëtt den CSV-Schäffe vu bis ewell Jean-Marie Jans. An de Schäfferot réckelt den Alain Gillet no.

D’Vereedegunge sollen Ugangs Februar sinn.

De Changement gouf néideg, well de laangjärege Buergermeeschter Laurent Zeimet rezent vu sengem Posten demissionéiert huet. De Laurent Zeimet gouf jo CSV-Fraktiounschef, nodeems de Marc Spautz op d’Regierungsbänk gewiesselt ass. An der Märei zu Beetebuerg ass eng Dräier-Koalitioun tëschent CSV, Déi Gréng an DP um Pouvoir.


Liest dozou nach:

Back to Top
CIM LOGO