"Geheime Casier"Job net kritt - Affekot vu Mann huet bei Dateschutzkommissioun reklaméiert

RTL Lëtzebuerg
De Mann konnt am Zesummenhank mam "geheime Casier" net bei d'Justiz schaffe goen. Säin Affekot huet e Méindeg bei der Dateschutzkommissioun reklaméiert.

De Me Fränk Rollinger hat dee Schrëtt virun enger Dosen Deeg ugekënnegt. Do virdrun hat den Affekot beim Parquet général d'Motivatioun vun der Refus-Decisioun vu sengem Mandant nogefrot, huet déi awer nach net kritt.

E weidere méigleche Schrëtt an dëser Affär ass de Gank op d'Verwaltungsgeriicht.

Back to Top
CIM LOGO